Biographie

Iwwert mech

Mäin Numm ass Roland Allard, an d'Fotographie ass ee vu mengen Hobbyen.
Dofir sinn ech och net méi vill ouni Fotoapparat ënnerwee.

Schon als Kand hunn ech gäre Fotoen gemat, an hunn zënter puer Joer meng Passioun
zur Konscht vun der Fotographie esou richteg entdeckt.
Als Kënschtlernumm sinn ech och als „by FotoFous“ bekannt.

Am léifste photographéieren ech Landschaften, Natur, Architektur, Abstract a Leit.

Ech sammelen och al Fotoapparater, a sinn Amateur fir wann Dir nach een ze vill hutt.
Besonnesch interessant fannen ech awer och al Fotoe vu fréier, vu Leit, Landschaften
an Dierfer. Wann Dir also Fotoe vum Kiischpelt oder och soss Platzen hutt, kéint Dir
mech gären kontaktéieren.

 

Weiderbildung

Zenter hier hunn ech ech och ëmmer rëm Fotopgraphiekuren matgemaach wei zBsp:

2010 Wie fotografiert man Menschen (Wiltz)
2010 Lycée classique Diekirch (LCD)
2011 Lycée Technique des Arts et Métiers (LTAM)
2012 Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC)
2013 Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC)

2014 Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC)

 

Concoursen

Beim Concours dem vum Naturpark Our an vum Naturpark Uewersauer organiséiert gouf, zum Thema
"Patrimoine Culture de la Région", fir den Naturpark Kalenner 2011 ze man, hat ech mat 2 Fotoen
gewonnen, an zwar fir den Mount Juni an August.